8. Mäerz

Internationale Fraendag

  • Deutsch
  • Français

JIF 2015: Nachtmarsch

Fraen op der Strooss…

Näischt Neies, wäert dir denke – a mat Recht – vu datt Fraen och am ëffentleche Raum dierfe sinn. Wat ass, wann ech iech soen en Nuetsmarsch just fir Fraen! Fraen, déi op d’Strooss gi fir d’Recht ze reklaméiere respektéiert ze ginn, egal wéi se ausgesinn, egal wéi se ugedoe sinn, egal ob jonk oder al, déck oder dënn, schéin oder manner schéin. Fraen, déi es genuch hunn sech dauernd Bemierkungen unzehéieren, wann se aus dem Supermarché kommen oder wann se op der Bushaltestell waarden. Hu mir gefrot datt eis Liewen dauernd solle kommentéiert ginn? A wa mir keng Loscht hunn ze laachen, well mir da souzesoe “méi léif” ausgesinn, mee Loscht hunn granzeg auszegesinn, ass dat net eist Recht?

Komm mir denke lo mol eng Minutte no, wéi oft een Typ op der Strooss ugeschwat gëtt vun enger Fra (oder engem Groupe Fraen), wéi oft een Typ gesot kritt hie soll “laachen” well da gesäit en “méi léif” aus oder wéi oft een Typ op der Strooss “Houer” vernannt gëtt… “Jo mee verschidde Männer geschitt dat och!” Vu weem? Wann Typen op der Strooss geschloen a provozéiert ginn, da virun allem vun anere Männer.

Hu der verstanen ob wat ech eraus wëll? Nachemmer net? Dann komm, mir probéieren esou: obwuel mir an enger Gesellschaft liewen déi sech op demokratesch Prinzipie baséiert an d’Gläichberechtegung tëschent Fraen a Männer a ganz Europa an och zu Lëtzebuerg unerkannt ass, ginn d’Fraen (an alles wat als weiblech ofgestempelt gëtt – ech loossen iech ee Beispill fanne wat dir bestëmmt ganz gutt kennt aka “du bass esou schxxl, du bass eng puxxy”) als mannerwäerteg ugesinn. Statistiken dofir fannt dir iwwerall.

Mir, verschidde Fraen aus verschidde Backgrounds hunn decidéiert de 7. Mäerz an der Nuecht zesummen op d’Strooss ze goen, fir ze weisen datt mir net onsiichtbar sinn, datt eis Kierpere kee “bien public” sinn, mee datt mir iwwert eist Liewe bestëmmen an d’Recht hunn et a Fridden esou ze gestalte wéi mir wëllen. Mir sinn t’Halschent vun der Mënschheet an um Nuetsmarsch weise mir eis an eiser ganzer Vilfalt: egal wéi al, egal wéi eng Hierkonft, egal wéi eng Hautfaarf, egal wéi eng sexuell Orientéierung, egal ob Transfra oder Biofra, egal wéi eng Aart a Weis säi Fra-sinn ze definéieren. An eiser Welt sinn et nachemmer d’Fraen déi am meeschten diskriminéiert ginn, an dofir gi mir fir de Fraendag op d’Strooss, ouni eis ze rechtfertegen!